Rocklab

Rocklab

WHERE MUSIC MATTERS

jeu 04 novembre 2021 - sam 06 Nov 2021

BEATMAKING WORKSHOP

HIP HOP MARATHON (3-DAY WORKSHOP)
Venue : Rocklabstudio - Other Doors : 10:00
Promoter : Rocklab
From 15 €

Derniers tickets

Kids/Young Audience, Workshop

Practical Info

Doors : 10:00
Spectacle : 10:00

About

Du interesséiers dech fir Hip Hop a Rap? Du wëlls däin eegenen Hip Hop-Beat produzéieren a léieren, wéi een um Computer selwer esou ee ka maachen? Wärend dem Workshop léiers du mat enger Musek-Software ëmzegoen, digital Instrumenter kennen an setz Sounds zu engem eegenen Hip Hop-Beat zesummen. Zesumme mam Producer a Beatmaker Cehashi an anere Jonken baut dir Rhythmen a Stécker, déi duerno am Kader vum Hip Hop Marathon zum Asaz kommen. Äer Beats déngen als Instrumental Stécker, op déi d'Rapper hier Texter leeën. Du spills keen Instrument? Kee Problem. Du muss just Loscht matbrengen, fir mat Sounds a Rhythmus ze spillen. Mell dech elo un a maach mat! Wat ass "Beatmaking"? Beim Beatmaking gi Kläng, Rhythmus a Melodien zu engem "Beat" komponéiert. De Beat ass d'Musek (ouni Rap a Gesang) vun engem Hip Hop Lidd a gëtt meeschtens op engem Computer produzéiertEvents au Club Intervenant: Cehashi (Eric Bintz) : Lëtzebuerger Beatmaker a Museksproduzent.