Practical Info
Configuration: Standing
Promoter: Rocklab
About
Cool Feet spillen hier läscht Rock Show Samschdes, de 17. Abrëll 2027 an der Rockhal.
Zënter dem CD „Bistro » vun 1992 si Cool Feet net méi aus der Lëtzebuerger Rock Zeen wechzedenken.
Ouni Zweifel handelt et sech bei „Bistro“ em den erfollegräichste Lëtzebuerger Album vun allen Zäiten, an de Charme vu „Jangeli« , « Ketty huel de Fändel raus“, « Drénk e Patt op mech » an natierlech « Roude Léiw huel se » huet sech iwwert all déi Jore gehalen.
Cool Feet gehéieren zu Lëtzebuerg wei d’Schueberfouer, Kachkéis … Bouneschlupp oder d’Rief laanscht d’Musel. Och wann et an all deene Joren heiansdo méi roueg em si war; si sinn ëmmer nees mat neie Lidder opgetaucht fir eis Freed ze maachen. Eng Rëtsch vun deenen si mat der Zäit richteg « Gassenhauer » ginn a feelen och haut nach op kenger flotter Lëtzebuerger Party. Hiren Erfolleg ass en Deel vum Lëtzebuerger Patrimoine. Mat iwwer 130.000 verkaaften Albumen, enger Veréiwegung am Guinness Buch an enge sëlleche Gold- a Platin Auszeechnungen ass hir Geschicht hei zu Lëtzebuerg eemoleg.
„Léiwer eng Grimmel ze fréi, wéi ze spéit!“, mengt de Rom Bernard, Sänger a Kapp vu Cool Feet. « Et gëtt genuch Beispiller vu Bänds an Artisten, déi einfach net lass loosse kënne mee op der Bün keng gutt Figur méi ofginn. Am Moment kenne mir eis Lidder op der Bün nach esou eriwwer brénge wéi d’Leit dat vun eis kennen a wëllen dovunner profitéiere fir e coolen Ofschloss ze maachen.“
„Villmools Äddi, bis dajee dann…“, eng Rees duerch 35 Joer „Lët’z Rock“ mat alle Klassiker an e puer Iwwerraschungen. Ëmmer nach mat der néideger Spillfreed, Stëmmung a staarkem Rock.
Ween also Cool Feet nach ni live gesinn huet oder eng läscht Kéier well rocke gesinn, däerf dësen eemolegen Owend Lëtzebuerger Rock Geschicht net verpassen.
Tickets fir dës emotional an eemoleg musikalesch Zäitrees gëtt et elo op rockhal.lu.
Dës Show fënnt am Kader vum Rocklab sengem Release Package statt. De Rocklab bitt lokale Bands a Kënschtler d’Méiglechkeet de Club oder Floor vun der Rockhal fir hier Release Show ze benotzen.
