Sat 13 Apr 2024 - 19:00

Rock

MOOFEST 2024

Practical Info

Venue: Rockhal Club
Promoter: Rocklab

Doors: 19:00
Spectacle: 19:30

About

LU

Ewéi all Joer invitéiert d’MooFest erëm op en Owend gefëllt mat Bands vun heiheem, Bands, déi iwwert d’Heiheem an d’Mateneen an der Landessprooch sangen. Dobäi gëtt vill Wäert op en diversen an ofwiesslungsräiche Programm geluecht, dee schlussendlech och enger gudder Saach zugonschten ass. Och dës Kéier ginn all d’Recetten a Gagen der Fondation Thierry van Werveke gespent, déi sech änlech dem Moofest fir e Mateneen, fir en Austausch a fir de Support vun jonker Konscht a Musek an eng kulturell Diversitéit asetzt.

Kuckt iech hei de Line-Up un. Demnächst wäert nach eng weider Band annoncéiert ginn!

EN

MooFest is calling for another edition of its festival offering a diverse line-up of artists and bands from Luxembourg and beyond. Like each year, the festival has a good cause at heart. By donating all entrance and artist fees to the Fondation Thierry van Werveke, Moofest is continuing its tradition of supporting those who encourage young art and music, mutual exchange and cultural diversity.

Line up

19:30 FRESHDAX
20:15 DËPPEGÉISSER
21:00 Der Däiwel
21:45 MooF
23:00 Toxkäpp

FRESHDAX

Qualitéits-Hip-Hop mat dem engen oder aneren Twist – zënter 2012. No den Alben « Ziel Mir Net Däi Liewen » an « Alles Beim Alen, Alen » an der digitaler EP « Fragil Männlechkeet » melle sech FRESHDAX, de Julien an de Jacques, mat hirer 4. Release zeréck. Si hätten dat jo och 2022 kënne maachen a soumat déi 10 Joer Bandexistenz feieren. Mee nujee. Si sinn elo zeréck mat 12 neien Tracks déi gréisstendeels dohi gi wou et wéi deet, op Weeër déi wéineg befuer ginn, mat batterséissem Narrativ. Fir déi eng wäert et keen Hip-Hop sinn, déi aner wäerten erëm getriggert sinn, mee villäicht ginn et der jo och e puer déi einfach nëmme matgrooven. Domat wier d’Zil erreecht. FRESHDAX. D’Kanner vum Groove. Komm fir ze bleiwen.

DËPPEGÉISSER

Säit 2005 probéieren déi zwee Bridder Luc a Misch GUILLAUME (Gesank, Gittar) mat Musek, Witz a Charme hire Public ze ënnerhalen. Begleet gin déi zwee vum Laurent PETERS (Bass) a Bob LEICK (Tromm) an ëmmer méi oft vum Ben CLAUS oder Eric FALCHERO um Panz-Piano an och emol vum Orchester „d’Dëppebléiser“. Comedy-Folk. Si jongléiere mat Klischeeën an Anekdoten aus dem alldeegleche Liewen, mä huelen sech selwer dobäi net all ze eescht. A wat gesäis du wann s de an de Spigel kucks? 😉

Der Däiwel

Et gouf héich Zäit. No Fluyd an dem Midlife Chris huet et ferm gebrodelt am Jeff Seyler senger kreativer Kichen. Et
war e Verlaangen no knaschtegen Crossover Gittaren aus den 90er awer och no Old School Rap aus den Enn 80er Joren. Et war eng Gloscht op d’Experimentéieren mat der Uregkeet vun eiser Sprooch. Déi al Wuerzelen hunn erëm gekribbelt. D’Nostalgie huet gekëddelt. Déi néi Welt mat hiren Konflikter huet desillusionéiert. Aus där Mëschung ass dunn de Solo Projet der Däiwel entstanen. Eng musikalesch Rebellioun géint déi nei Plastikidoler déi eis alleguer wéi dat gëllent Kallef an de Bann zéien an doduerch verhënneren dat sech eppes ännert. An obwuel déi Wandmillengeschicht schon en alen Hutt ass, gouf et mol rem héich Zäit fir op en Iesel ze klammen. D’Resultat vun dëser perséinlecher Rees ass en musikaleschen Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap ‘n’ Roll. Ënnerstëtzt vum Tobias Ackels op der Batterie, dem Achim Ziwes an dem Gilles Loes un den Säiteninstrumenter zitt der Däiwel elo als Infernalescht Quartett live duerch d’Ländchen.

Toxkäpp

1995 gegrënnt huet di Lëtzebuerger “Two-Tone-Ska-Pionnéier-Band” Toxkäpp! als éischt emol als Punk Band ugefaang, mat bëssegen, sozial-kriteschen Texter zu hierer haarder Punk-Musék. Vun Ufank uns waren der Grupp hier Texter genee sou wichteg wéi d’Musék selwer. Et war hinne wichteg, ë kriteschen, sozialen a politesch orientéierten Commentaire zu der Actualitéit ofzeginn, natierlech mat enger gudder Portioun sarkasteschem Humor dobäi. Hiere Sound huet sech séier entwéckelt zu engem “Two-Tone”-inspiréierten Ska, wat dëss Mëschung vu bëssegen Texter elo mat danzbarer Musék a vill Rhythmus ënnerluecht huet fir ë richteg fette Gesamt-Sound z’erginn. Hautdesdags sinn d’Toxkäpp zu 8 Leit op der Bühn a sie spillen niewt deenen ale bekannte Klassiker aus der Lëtzebuerger Underground-Szeen och verstäerkt neit Material. Elo, fir hir 25 Joer, brénge si eng nei Plack eraus, mat 5 Klassiker aus hieren Ufangsdeeg, déi dann zousätzlech nei verschafft goufen, am aktuelle Sound vum Grupp.

MooF

Säit 1992 sinn si Headliner vum MooFest, hunn eng fest Platz an der lëtzebuergescher Musekszeen an gehéieren zu deenen éischten déi lëtzebuergesch Texter mat Hardrock kombinéiert hunn. Den Stil bezeechen si als MooFen Rock vun der Long op Zong wou et an den Texter em Gewalt, Rassismus, Drogen, an natierlech och em Fräiheet, Spaass an Léift geet. Wéi all Joer ruffen MooF Bands aus Lëtzebuerg zesummen fir um MooFest mat ze maachen, wou déi ganz Recetten un Fondation Thierry Van Werveke ginn, an bidden domat en super Line-Up.